alesontia uni roude leif
ALESONTIA
 
INFORMATIOUNEN
VERSCHIDDENES

 

ERSTI-INFOS

Allgemeng Infoen vir all Erstien :

E puer gudd Roodschleih vir en gudden Start !

1)Aschreiwen am Studentensekretariat (Immatrikulatioun)

Poppelsdorfer Allee 49,ongefeier vun Mett August bis Enn September;
Öffnungszeiten: Mo-Fr 9:00-12:00 an Do 13:30-15:00

Saachen dei der derbei musst hun:

Carte d´Identite
Diplom op Deitsch
Formular (Zulassungsbescheid)
Versecherungsbescheinigung (kritt een um Rez-de-Chausseeà AOK)
Asw…

2) Wunnen zu Bonn:

De Wunnraum ass knapp. Dei bellegst Wunnengen stellen Studentenwerk mat sengen 28 Wunnengen (ca. 3400 Plaatzen) z.b Tannenbusch, Posenerweg 1
Enner anerem Privat Studentenvereine an Verbindungen.
Wohnheimplätze sin begehrt, well se eben sou belleg sin an gin verloust am Studentenwerk.

Mein Tipp:

- kukt bei www.immobilienscout.de oder www.studentenwohnungen.de
-An vleit an den Mensaen an an den Uni-Gebeier op dem „Schwarzen Brett“.
- Annoncen an den Zeitungen wei Generalanzeiger an Bonner Rundschau all Mettwochs an Samsdes.
- Zimmervermittlung des RCDS, Riesestr. 2a, Mo-Fr 13:00-14:00
- Zimmervermittlung des Studentenwerks, Zi 12, Tel: 737165, Mo-Fr 9:00-12:00
- ASTA Zimmer und Wohnungsvermittlung, Sozialreferat, Nassestr. 11, Tel: 737043
- Evangelische Studentengemeinde, Königstrasse. 88
- Katholische Studentengemeinde, Adenaueralle 63

 

Ongefeier preisser: Tannenbusch 15qqm à 150 Euro/Mount
                             Geigend Endenich (ca 2,5 km vum Campus wech) ca. 300 bis 400 Euro
                                    Warmmiete (Kaltmiete+Nebenkosten) fir 30-35 qqm

3) Bus- an Tramverbindungen:

Bus- an Tramverbindungen sin ganz gudd zu Bonn, all 10 bis 20 min kritt een een e Bus vir op den Hbf. Nachtbusser fueren an der Woch bis halwer 3 an Weekends bis halwer 5.
Mat aerem Studentenausweis kennt der ganzt Semester vir neicht den öffentlechen Transport nötzen, sief daat mam Bus, Tram oder zuguer mam Zuch bis op Köln.
No 7 Auer Owes an der Woch, kennt der eng Persoun vir neicht mat aerem Ausweis mathuelen, an Weekends zuguer den ganzen Daag an daat ab Freides 7 auer owes bis Sonndes.
Opgepasst: nemmen Regional Zich sin gratis net ICE.

4) Iessen an Drenken:

Wou der gudd iessen an drenken kennt: Havanna zu Poppelsdorf, Aktuell um Hbf, Irish Pub

Drenken: an der Musiktruhe (eisen StammlokalJ), Havanna, Rondo, Tacos, Shakers, Bla, Namenlos, 3 Raumwohnung, Brauhaus Bönsch, Harmonie, Salvator

 

Preiswerteg iessen:

An engen vun den 4 Mensaen zu Bonn:

Poppelsdorfer Mensa, Endenicher Allee 19
Mensa Nassestrasse 11
Mensa Venusberg
PF Mensa, Römerstrasse 164

5) Discos:

Cape Noctem,
N8schicht,
Tiefenrausch,
Schwarzlicht,
N8rauschen.

6)Kinoen:

Bonner Kinemathek/ Kino in der Brotfabrik,
Kinopolis,
Neue Filmbühne,
Rex-Kino,
Stern,
Woki.

7) Wichteg Internetseiten:

eCAmpus: http://ecampus.uni-bonn.de/
Fachschaft: http://www.uni-bonn.de/~ufl000/ (hei stin nach e koup wichteg Infoen)
Uni Bonn: http://www.uni-bonn.de/
Landwirtschaftliche Fakultät: http://lwf.uni-bonn.de/dekanat/
Alesontia: www.restena.lu/students/alesontia
Studivz. www.studivz.net à umellen an der grupp Alesontia

8) Fachschaft vir Agrarler:

Mo-Do: 13:00-14:00 Katzenburgweg 10
Hei gin Skripter verkaaf, vir Exkursiounen umellen die Fachschaft organiseieren
Oder einfach laanscht goen wann der Froen an Probleemer hudd, dei hellefen ierch emmer gaeren wieder.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

counter