alesontia uni roude leif
ALESONTIA
 
INFORMATIOUNEN
VERSCHIDDENES

 

Bonn

Bonn, eng vun deenen eelste Stied aus Däitschland, ass eng al Réimerstad, an läit Ronn zwou Stonnen (ongeféier 200 Kilometer) vu Lëtzebuerg ewech.
Et ass eng léif Stad um schéinen Rhein am Süden vun Nordrhein-Westfalen. Mat sengen ronn 330.000 Awunner gehéiert Bonn éischter zu deene méi klenge Stied an Däitschland.

bild bonn1Trotzdem huet Bonn als Gebuertsstad vum Ludwig van Beethoven vill ze bidden: eng Partie Sehenswierdegkeeten, eng ganz Rei vu wierklech interessante Müseeën, grouss Parken vir sech vum Stadtliewen ze erhuelen (Rheinauen, Siebengebirge,..), eng schéin Foussgängerzone am Zentrum, en wonnerschéinen Krëschtmaart am Dezember an vill kulturell Manifestatiounen (Operen, Concerten, Theateren).
Net ze vergiessen sinn natierlech och (wat d'Studenten oft jo nach méi interesséiert) déi sëllechen Bistro'en, Disco'en oder Studentenparty'en fir e puer flott Stonnen ze verbréngen. Och d'Fuesend kënnt een zu Bonn net ze kuerz (ët ass eben zevill no bei Köln!), wat ee besonnesch an der Alstad oder zu Beuel (Staddeel vu Bonn op der rietser Rhäinsäit) kann matterliewen. An der Rheinaue ass och all Joer een groußen, gratis openair Festival (Rheinkultur), en super Feierwierk (Rhein in Flammen) an d´Bierbörse.

bild bonn2D´Stadt kann awer och ob eng iwer 2000-jähreg Geschicht zeréckkucken. Sie geht op germanesch an réimesch Siedlungen zereck. Vun 1597 bis 1794 war sie d´Residenz vun den Kölner Kurfürsten, 1770 ass den Ludwig van Beethoven hei ob d’Welt komm. Am 19. Joerhonnert huet sech dunn d´Universiteit Bonn zu enger vun deenen bedeitesten däitschen Unien entwéckelt. Vun 1949 bis 1990 war Bonn dunn souguer d´Haaptstadt an bis 1999 Regierungssetz vun der Bundesrepublik Däitschland. Momentan hunn nach 6 Bundesministerien hiren eichten Setz hei zu Bonn.

bild bonn3Ob der Uni Bonn studéieren haut ronn 28.000 Studenten, dovun ca. 4000 Auslänner, an et gin ronn 90 Studiengäng ugebueden.
Déi eenzel Fakultéiten sinn oft an deenen eelsten Gebaier vu Bonn ënnerbruecht, an dofir iwwer dat ganzt Stadtgebitt verstreet. Als Haaptgebai fungéiert z.B. schon säit 1818 dat aalt kurfürstlecht Schlass. Do hunn haut d´Geisteswessenschaften an d´Theologischen Fakultéiten hiren Setz.
Net wäit vum Unihaaptgebai ass dann d´Juridicum vir Rechts- an Staatswessenschaften.
D´naturwëssenschaftlech an d´landwirtschaftlech Fakultéiten an Instituter sinn haut an engem alen a wonnerschéine Quartier vu Bonn ënnerbruecht, zu Poppelsdorf. Desen Quartier ass Zeeche vun enger barocker Stadplanung mat enger ganzer Rei vu systematesch ugeluechten Alleeën (Poppelsdorfer Allee, Nußallee, Baumschulallee, Endenicher Allee, ...), laanscht déi an der Mëtt vum 19. Jorhonnert reiheweis elegant al Haiser gebaut goufen.
Den Zentrum vu Poppelsdorf stellt d'Poppelsdorfer Schlass duer (fréier "Lustschloß Clemensruhe"), wou haut dat Zoologescht an dat Mineralogescht Institut ënnerbruecht sinn. Hannert dem Schlass läit och de Botanesche Gaart, den 1819 ugeluecht gouf a vun engem Waassergruef ëmginn ass.
Um Venusbierg, den bëssi méi ausserhalb vun der Stadt lait, befannen sech dann d´Universitätskliniken, wou d´Medizinstudenten dann ab dem 3. Joer hir Zäit kennen verbréngen.
bild bonn4
D'Wahrzeeche vun der Uni ass eng vergolden Madonnenstatu (Regina Pacis) aus Bläi, déi iwwer engem vun den Haaptportalen vum Kurfürstleche Schlass steet, a wéi duerch ee Wonner an de Krichszäiten onberéiert bliwwen ass.

Kuerz gesot ass Bonn eng wierklech richteg gemittlech kleng Studentestad, an där een awer eng ganz Rei Ofwiesselungen fanne kann, wann ee wëllt. An net zulescht kann ee soen, datt och Köln als wierklech richteg Groussstad nëmmen eng hallef Stonn ewech ass (dat och mam Zuch, deen een als Student och fir näischt kann benotzen), an do ass ëmmer eppes lass.





: www.bonn.de

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

counter